Dikricher Guiden a Scouten

St Laurent / Tony Noesen

Ee kuerze Réckbléck

100 Joer Dikricher Guiden a Scouten

ee Grupp erënnert sich

Virun 100 Joer, den 28. Januar 1917 ginn di Dikricher Scouten als eng Sektioun vum kathoulesche JĂĽnglingsveräin gegrĂ«nnt. D’Versammlungen ginn am grousse Sall um Ă©ischte Stack vun der Maison Rouge, wat haut den Hotel du Parc ass, ofgehal. Mir sinn zu 23 fir de Projet ze lancĂ©ieren. 1932 mĂ«scht eise Chef, Noesen’s Tun als Ă©ischte LĂ«tzebuerger seng Chefformatioun am Gilwellpark bei London.

Du kĂ«nnt de Krich an d’Scoute sou wĂ©i och dĂ©i aner Veräiner ginn am ganze Land verbueden. Vill vun eise Member dĂ©i an der Resistenz zB. bei der L.V.L. täteg waren komme ni mĂ©i zerĂ©ck. De 5. AbrĂ«ll 1946 gĂ«tt d’Scouts Tony Noesen asbl. gegrĂ«nnt. Domatter soll eise frĂ©iere Sektiounsmaster an internationale Commissaire vun de LĂ«tzebuerger Scouten, deen de 25. Februar 1944 zu Hinzert erschoss ginn ass, fir Ă«mmer mat den Dikricher Scouten verbonne bleiwen.

Kuerz duerno gi mir Proprietaire vun engem bal 1,5 ha groussen Terrain am Floss, dee mir vun der Joffer FĂ©licie Leyder geschenkt krĂ©ien. De Sektiounsrot mam Aumonier Charles Weiler an dem Sektiounsmaster Dr. Albert Mambourg beschlĂ©issen dass am Floss gebaut gĂ«tt. De Floss deen deemools nach een einfache Feldwee war ass dĂ©i ideal Plaz fir ee Scoutshome, deen aus e puer Arbeitsdienstbaraken aus dem Krich entsteet. De 6. Juni 1948 ass dann dee memorabelen Dag wou den Home Prince Jean mat Präsenz vum Chefscout dem PrĂ«nz Jean ageweit gĂ«tt. Eisen Home, den un d’Zentral vun de GĂ®tes d’Etapes ugeschloss ass, gĂ«tt lues a lues bekannt a vill Jugendgruppen hu säit deem, während iwwert 100.000 Iwwernuechtungen, hieren Openthalt zu Dikrich bei eis verbruecht.

An der Nuecht vum 14. op de 15. Februar 1953 brennt eisen Ă«nneschten Home am Floss bis op d’Follementsmaueren of. Ma sti mir net laang derbäi ze kräischen, de Neibau gĂ«tt sĂ©ier am Steen realisĂ©iert.

Well Dikrich nach keng Guidesektioun huet, gĂ«tt 1945 am Pensionnat d’GrĂ«nnungsversammlung gehal. Dat Joer leeĂ«n 49 Guiden hiert Verspriechen of. Mat der HĂ«llef vum Aumonier Charles Weiler kruten och d’Guiden den 17. Juni 1951 een Dach iwwert de Kapp. Den Home Joli Site am Kockelbierg soll hiert doheem fir d’Zukunft sinn.

1993 fusionéieren déi Lëtzebuerger Scouten zesumme mat de Lëtzebuerger Guiden. An och zu Dikrich gëtt, ënnert eisem Gruppechef Jacques Dahm, eiser Gruppecheftaine Marie-Paule Mootz an dem President vum Verwaltungsrot dem Marcel Thillen, déi sech net nëmmen um lokale Plang fir eng besser Zesummenaarbecht agesat hunn, ëmmer méi zesummen ënnerholl. Et entsteet de Grupp St Laurent / Tony Noesen. 2008 fusionéiere eis zwou Sektiounen schlussendlech och um Pabeier.

100 Joer ass et mĂ«ttlerweil hier dass eise Grupp gegrĂ«nnt gouf. E Samschdeg, den 28. Januar 2017 hu mir dat, zesumme mat iwwer 350 jetzigen a frĂ©iere Member, grouss an der Aler SeeĂ«rei gefeiert. An iwwert d’Joer stinn nach dĂ©i eng oder aner grĂ©isser AktivitĂ©iten virun der Dir.

Iwwert déi 100 Joer ass vill geschitt, et ass vill geschafft ginn, vill Leit hu benevole Aarbechte geleescht a méi wéi 1500 Leit sinn iwwert déi Joren de Wee vum Scoutismus mat eis gaangen. Ouni si, stéinge mir net do, wou mir elo stinn.