Dikricher Guiden a Scouten

St Laurent / Tony Noesen

Coronavirus – BA – DisponibilitĂ©iten

Vill aner Gruppe bedeelige sich un der Aktioun: eng LĂ«scht wee wouhi ka kommen ass um Site vun de LĂ«tzebuerger Guiden a Scouten ze fannen.

Aktuell bidde mir eis HĂ«llef hei un:

  • Angelduerf
  • Dikrich
  • Gemeng Tandel
  • Gilsdref
  • Veianen
  • WuelĂ«ssen

 

Coronavirus – BA

Coronavirus : Mir hëllefen !

Dir sidd am héijen Alter oder hutt eng chronesch Krankheet, déi iech „ufälleg“ géigeniwwer dem Coronavirus mécht? Dir kënnt aus dësem Grond net méi akafe goen an Dir hutt kee fir dat an Ärer Plaz ze maachen?

Mir si jonk, gesond an hunn Zäit (well d’Schoulen elo zou sinn). Dofir kënne mir Iech hëllefen!

Mir kënnen Är Kommissioune maachen a bréngen Iech se heem, natierlech gratis, zum Beispill:

  • LiewensmĂ«ttel akafen
  • Hygiènesartikele kafen
  • Medikamenter an der Apdikt besuergen (mat Ordonnance vum Dokter)

Wann Dir eis HĂ«llef braucht, da sot eis einfach Bescheed, um Telefon:

Aktivitéiten am Mount Mäerz

Léif Member a léif Elteren,

De Coronavirus mëcht säin Tour och zu Lëtzebuerg. Den Owend um 19h30 hunn de Premier Minister an d’Gesondheetsministesch nei Mesure getraff. No Récksprooch mam Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten passe mir eis dëse Mesuren un a soen all eis Scoutsaktivitéiten fir de März of (Versammlungen, Quizowend, Rallye, etc.).

Fir d’CaraPio heescht dëst leider och dass mir de JoCaPi dee mir de 4. Abrëll organiséiert hunn op ee spéideren Datum am Joer musse verréckelen.

Wat d’Summercampen an d’Aktivitéite vum drëtten Trimester ugeet ass et lo nach ze fréi fir d’Situatioun anzeschätzen. Dofir hale mir bis op Weideres nach un all de geplangten Aktivitéite fest. Dee Moment wou mir weider Informatiounen hunn, deele mir eech dës natierlech mat.

Bleiwt all gesond,

Mat beschte Gréiss,

Laurent Pott

Dikricher Guiden a Scouten

______________

Chers membres, chers parents,

Le coronavirus fait le tour aussi au Luxembourg. Ce soir, le Premier Ministre et la Ministre de la Santé ont opté pour de nouvelles mesures de sécurité.
Après une concertation avec la féderation des guides et des scouts, nous optons pour ces mêmes mesures de sécurité et nous annulons toutes les activités pour le reste du mois de mars.

Pour les CaraPio cela signifie aussi, que nous allons remettre le JoCaPi organisé pour le 4 avril à une date ultérieure.

En ce qui concerne les camps d’été et le programme du troisième trimestre, il est trop tôt pour évaluer la situation. On va donc maintenir les plans pour toutes les activités. Dès que nous allons recevoir de nouvelles informations, nous allons vous contacter de suite.

Merci pour votre compréhension.

Salutations distinguées,

Laurent Pott

Dikricher Guiden a Scouten

Kiermes 2019

Al Dikrich 2019

large

Al Dikrich 2019

Al Dikrich steet virun der Dier an als Dikricher Jugendveräin si mer natierlich och vertrueden.

Kommt a besicht eis vum 12te bis den 17te Juli viirun der aler Kierch zu Dikrich a loosst eech verwinne mat allem wat de Grill an de Comptoir ze bidden huet !

Wann s du eis Hëllefe wëlls, da mell dich siier un, mir brauchen ëmmer fläissig Hänn !

Kiermes 2018

Al Dikrich 2018

large

Al Dikrich 2018

Al Dikrich steet virun der Dier an als Dikricher Jugendveräin si mer natierlich och vertrueden.

Kommt a besicht eis vum 12te bis den 17te Juli viirun der aler Kierch zu Dikrich a loosst eech verwinne mat allem wat de Grill an de Comptoir ze bidden huet !

Wann s du eis Hëllefe wëlls, da mell dich siier un, mir brauchen ëmmer fläissig Hänn !

 

Chef a RaRocamp Norwegen 2017

Well mer nom GoUrban nët mi aus der Campstëmmung eraus wollten, si mer nach zu enger 20 an Norwegen gefuer :)

Al Dikrich 2017

large

Al Dikrich 2017

Al Dikrich steet virun der Dier an als Dikricher Jugendveräin si mer natierlich och vertrueden.

Kommt a besicht eis vum 14te bis den 18te Juli viirun der aler Kierch zu Dikrich a loosst eech verwinne mat allem wat de Grill an de Comptoir ze bidden huet !

Wann s du eis Hëllefe wëlls, da mell dich siier un, mir brauchen ëmmer fläissig Hänn !

 

Cavalcade 2017

Am Kader vun eisem 100te Gebuertsdag ware mir dëst Jar als Foussgrupp op der Cavalcade zu Dikrich mat !


(Fotoe vun: Dikricher Fotoclub, RTL, FTS an d’Wort.)