*** Opgepasst! ***
Doduech dass eise Waasserboiler futti ass kennt fir de moment just kaalt Waasser an den Duschen. Daat betrefft net d’Heizung oder d’Kichen.
Beschreiwung
Eise Chalet gouf 1948 gebaut an ass säit deem regelméisseg eneiert gin fir de Gruppen de néidegen Comfort ze bidden. Mat senger Laag um Bëschrand an awer och nëmmen 800 Meter vun der Groussgaass fort ass en wei gemaach fir de Jonken schéin Aktivitéiten bidden ze kennen. Bëschspill, Duerfspill oder awer eng Veillée bäim Feier ass domat keen Problem.
An de Rubriken Fotoen a Pläng fannt fir Fotoen a Pläng vum Chalet an der Ëmgéigend. Hei kennt dir ierch esou schonn e Bild vun der Ëmgéigend maan.
Op de Fotoe gesäit een ënnen bei der Strooss d’Home vun den Dikricher Guiden a Scouten mat Appartement vum Portier um 1. Stack. Uewen am Bësch ass de Chalet deen un Gruppen verlount gëtt.
Kapazitéiten | min. 15 – max. 50 Persounen |
Wunnfläch | 450 m2 |
Dortoire 1 | 22 Better |
Dortoire 2 | 24 Better |
Chefzëmmer | 4 Better |
Schlofsak, Schlappe fir dobannen, Toilettepapeier an Dreckstute musst Dir matbréngen!
Reservatioun a Präis
De Chalet ass am Januar an am Februar zou!
Präis | 8,00 € / Persoun a Nuecht |
Stroum, Gas, Wasser, Heizung | 50,00 € / Nuecht |
Kautioun | 300,00 € |
De minimal Präis fir een Dag gëtt fir 15 Persoune berechent a bedréit also 165,00 €.
D’Reservatioun ass léischt définitiv wann d’Kautioun vun 300,00 € iwwerwisen ass. De Rescht ass bis spéitsdens eng Woch virun der éischter Iwwernuechtung ze iwwerweisen!
De Chalet ass propper ze hannerlossen. Am Fall wou Schued sollt entstoën oder nët gebotzt ass, gëtt d’Kautioun zeréckbehal.
Nach Froën?
Hues du nach Froën oder wëlls de Chalet buchen, dann schéck eis einfach eng E-Mail.
Am Kalenner kanns du kucken wéini de Chalet nach fräi ass.